Cinqfontaines

D’Klouschter Cinqfontaines (FĂŒnfbrunnen) huet eng villfĂ€lteg a mouvementĂ©iert Vergaangenheet. WĂ©inst senger historescher Bedeitung, ganz besonnesch fir d’JĂŒddesch CommunautĂ©it, huet d’LĂ«tzebuerger Regierung de Site vum Klouschter 2020 kaf, fir doraus eng ErĂ«nnerungsplaz an e Bildungszentrum ze maachen. Am Centre Cinqfontaines stinn d‘Gedenken un d’Affer vun der Shoah, d’SensibilisĂ©iere gĂ©int Antisemitismus a Rassismus an d’StĂ€erke vun Demokratie a MĂ«nscherechter am MĂ«ttelpunkt.

Entdeckt méi
01

Geschicht

D’Geschicht vum Site vu Cinqfontaines (FĂŒnfbrunnen) geet op 1820er Joeren zerĂ©ck an ass bekannt wĂ©inst sengem eemolege Klouschter. Op dĂ€r Plaz, wou tĂ«scht 1941 an 1943 den dĂ€itschen Occupant Judden internĂ©iert huet fir se duerno a Konzentratiounslager ze deportĂ©ieren, entsteet zanter 2022 e Bildungszentrum fir Kanner a Jonker.

Entdeckt méi
02

Offer

De Service national de la Jeunesse (SNJ) an de Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) proposĂ©ieren AktivitĂ©iten, dĂ©i sech em d’Themen Holocaust, SensibilisĂ©ierung gĂ©int Antisemitismus a Rassismus an d’StĂ€erke vun Demokratie a MĂ«nscherechter drĂ©inen.

Entdeckt méi
03

Gedenken

Cinqfontaines ass eng Plaz vum Gedenken. 1969 gouf d’Monument fir d’Affer vun der Shoah opgeriicht an zanter hir ginn op der Plaz Gedenkfeiere vu verschiddenen Organisatioune veranstalt.

Entdeckt méi
04

Ausbléck

Zanter 2022 ass eng pedagogesch Ekipp op der Plaz, dĂ©i elo schonn edukativ AktivitĂ©iten ubitt an dĂ«s progressiv ausbaut. Donieft huet d’Regierung sech verflicht de Site ze renovĂ©ieren an un seng nei Notzung unzepassen. D’Planungen dozou sinn elo an enger Ă©ischter Phase.

Entdeckt méi
Address
2, Klousterstrooss
L-9902 Cinqfontaines
247-95149
Kontakt